Aner Musek Themen
Shout Out Louds
Déi schwedesch Band Shout Out Louds huet hiren neien Album „Work“ eraus bruecht.

Ween net frai ass vu Virurteeler , kéint bei dëser Bandgeschicht op sou munch ee Klischee jalous mam Fanger weisen. 4 jonk Männer an eng flott Blondinn treffen sech op der Konschtakademie, fir zesumme Musek ze machen. Shout Out Louds nennt sech d'Band an kënnt aus Schweden, deem Land, wou schonn Mando Diao an The Hives den Duerchbroch gepackt hunn.
Hiren éischten Album I „Howl Howl Gaff Gaff“ haten d'Schweden 2003 nach op hirem eegene klénge Label an Emlaf bruecht. D'Single „Please Please Please“ gouf direkt en Hit, aus der ganzen Welt koumen Bestellungen eran.
Mam 2. Album huet d'Band de Verkaf vum Debütalbum souguer nach getoppt. Mat Lidder wéi „Impossible“ hunn d'Shout Out Louds doriwwer eraus bewisen, dass hinnen d'Hitten net géifen ausgoen.
Um drëtten Album gëtt et eng nei Zäsur: „Works“ ass deen éischten Album, deen d'Shout Out Louds net doheem zu Stockholm opgeholl hunn, mee an den USA, zu Seattle.
Wat dat bedeit? Soe mer et sou: beim éischte lauschteren fällt op, dass dat iegendwéi guer net schwedesch kléngt. An dat soll ee Luef sinn, just zur Prezisioun. Natierlech hu mer den schwedeschen Indiesound immens gär, mee trotzdeem: Dass d'Shout Out Louds mëttlerweil genee sou gutt kënne fir eng amerikanesch Alternative-Band gehalen ginn, weist , dass si deen nächste Schrëtt gemach hunn a sech vum Schwedenhype emanzipéieren.
Weider Artiklen
![]() | 9. Feb 09:14 De Phenomen "Skrillex" |
![]() | 2. Feb 17:19 Anx 74 mat éischter Single a Videoclip |
![]() | 20. Jan 09:42 Tréirer Band Vandermeer gewënnt Facebook-Concours |
![]() | 17. Jan 11:57 Lumi presentéieren hiren éischten Album "Cycles" |
![]() | 12. Jan 10:17 Lëtzebuerger bei "The Voice" |
![]() | 10. Jan 11:59 Etude seet: "Club 27" ass e Mythos |
![]() | 9. Jan 12:00 Downloads iwwerhuelen CD-Verkaf |
![]() | 27. Dez 15:20 Eldoradio Concerts-Réckbléck 2011 |
![]() | 27. Dez 14:59 Best of Alben 2011 + Ausbléck 2012 |
![]() | 16. Nov 15:47 Feierblumm, produzéiert Museksvideo'en |
Alternative content
























