Aner Musek Themen
Ellie Goulding
D'BBC zielt d'Sängerin Ellie Goulding zu den intressantsten Newcomer vum Jor 2010. Lo huet d'Sängerin hiren Debütalbum „Lights“ eraus bruecht.

D'Ellie Goulding gouf an der englescher Stad Hereford un der Grenz mat Wales gebuer. Mat 14 Jor huet huet net nëmme Gittar geléiert, mee och d'Komponéieren vun Folk-inspiréierter Musek. Op der Uni huet hatt sech dun ëmmer méi mat elektronescher Musek beschäftegt an doraus séier säin eegene Sound entwéckelt.
Réischt mat 23 Jor ass dem Ellie Goulding säi Sound awer un d'Öffentlechkeet geroden. Kurz nodeems et sai Kontrakt bei Polydor ënnerschriwwen hat, ass seng Debütsingle „Under the sheets“ entstanen. Hatt huet zwar d'Top40 vun den engleschen Charts verpasst, dofir krut et awer de „Critics Choice Award“ bei de Brit Award. Dësen Award ass fir Kënschtler vun deenen ee mengt, dass si gläich de groussen Durchbroch packen.
Och an der BBC Lëscht vun 2010 gouf hatt als grouss Favoritin fir 2010 genannt. Dem Ellie Goulding seng Musek ass wéi eng Wunngemeinschaft aus Kate Bush, Björk a Stevie Nicks, schreift d'BBC. Mat senger heller Stëmm sengt hatt gefillvoll Texter, déi ëmmer nees vun elektroneschen Elementer opgebrach ginn.
No zwou éischte Singelen huet d'Ellie Goulding lo säin Debütalbum eraus bruecht. Ausserdeem wäert hatt di 25. Editioun vum Rock am Ring mat hirem Live-Optrëtt verséissen.
Weider Artiklen
![]() | 9. Feb 09:14 De Phenomen "Skrillex" |
![]() | 2. Feb 17:19 Anx 74 mat éischter Single a Videoclip |
![]() | 20. Jan 09:42 Tréirer Band Vandermeer gewënnt Facebook-Concours |
![]() | 17. Jan 11:57 Lumi presentéieren hiren éischten Album "Cycles" |
![]() | 12. Jan 10:17 Lëtzebuerger bei "The Voice" |
![]() | 10. Jan 11:59 Etude seet: "Club 27" ass e Mythos |
![]() | 9. Jan 12:00 Downloads iwwerhuelen CD-Verkaf |
![]() | 27. Dez 15:20 Eldoradio Concerts-Réckbléck 2011 |
![]() | 27. Dez 14:59 Best of Alben 2011 + Ausbléck 2012 |
![]() | 16. Nov 15:47 Feierblumm, produzéiert Museksvideo'en |
Alternative content
























