Aner Musek Themen
Owl City
D’Hitsingle „Fireflies“ leeft scho mi laang op Eldoradio. Lo hunn Owl City hire ganzen Album mam Numm “Ocean eyes” eraus bruecht

Öffentlechen Optrëtter geet den Adam Young aus dem Wee, hien gëtt keng Interviewen a léisst nëmme wéineg iwwer seng Persoun wëssen. Sou muss ee sech sain eegent Bild maachen – an dat leeft meeschtens op d’Bild vun engem scheien Indie-Nerd eraus. Dee sech hannert sengem Pseudonym verstoppt an virun der Baussewelt doheem am Keller verschanzt. An dee mat Hëllef vun enger Armada vu Synthesizer an Drumcomputer u sengen onopdränglechen Popsongs bastelt.
Et ass schonn e komescht Bild. Tëscht glamouréisen R&B-Pop aus den USA, wéi Kesha, Keri Hilson, an de Black Eyed Peas huet sech Owl City weltwait an den Charts platzéiert. Mat „Fireflies“ ass dem 22 Jor ale Museker een Ouerwuerm gelongen. Dass hien domat awer weltwäit d’Hitparaden stiermen géif, domat hätt kee gerechent.
An Amerika ass schonn di zweet Single „Vanilla Twilight“ dobaussen. Déi gouf awer keen Nummer-1-Hit. Eemol läit et dorun, dass „Fireflies“ alles iwwertrëfft. Anerersäits ass dat och eng Schwächt vun Owl City: D’Musik op ee ganzen Album bezunn, ass e bëssen eesaiteg. Vill Lidder ähnelen sech vum Stil hei staark.
Ween op liichte verspillten Electro-Pop steet, gëtt awer hei uerdentlech zervéiert. Den Adam huet och net nëmmen verdreemten Texter, mee och mol witziger. Beim Song „Dental Care“ vertount hien zum Beispill e Rendez-Vous beim Zänndokter.
Weider Artiklen
![]() | 9. Feb 09:14 De Phenomen "Skrillex" |
![]() | 2. Feb 17:19 Anx 74 mat éischter Single a Videoclip |
![]() | 20. Jan 09:42 Tréirer Band Vandermeer gewënnt Facebook-Concours |
![]() | 17. Jan 11:57 Lumi presentéieren hiren éischten Album "Cycles" |
![]() | 12. Jan 10:17 Lëtzebuerger bei "The Voice" |
![]() | 10. Jan 11:59 Etude seet: "Club 27" ass e Mythos |
![]() | 9. Jan 12:00 Downloads iwwerhuelen CD-Verkaf |
![]() | 27. Dez 15:20 Eldoradio Concerts-Réckbléck 2011 |
![]() | 27. Dez 14:59 Best of Alben 2011 + Ausbléck 2012 |
![]() | 16. Nov 15:47 Feierblumm, produzéiert Museksvideo'en |
Alternative content
























