Net agelogged Newsletter | Login

Aner Musek Themen

Fun Lovin Criminals

19.03.2010, 10:38 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2010, 10:40
Share on Myspace

D'Fun Lovin Criminals sinn mat hirem neien Album zreck: Classic Fantastic.

Mat sengem Debütalbum „Come Find Yourself“ huet den New Yorker Trio virun 14 Jor ee richtege Klassiker higeluecht. Vrun allem Groussbritannien louch de Fun Lovin Criminals vun do un zu Féiss. Mee och heizuland hunn di lässeg ironesch Grousstadtgeschichten em Verbriechen, Drogen a Sex en nohaltegen Androck hannerlooss.

 Mëttlerweil hunn d'Fun Lovin Criminals de Big Apple verlooss a residéieren an England. No 4 Top10 Alben hunn d'Fun Lovin Criminals sech eng 5 Jor laang Paus gegönnt. De Frontmann Huey Morgan huet d'Paus vun der Band genotzt an eng 2. Carriere als Moderator op Radio an Tele ugefangen. Nodeems den Trio ee batteren Rechtssträit mat sengem fréieren Manager ofgeschloss huet, konnt e sech nees voll op d'Musek konzentréieren.

Classic Fantastic“ ass an der Band hirem eegene Studio zu London entstanen. Zesumme mam renomméierten HipHop-Produzent Tim Latham , deen ënner anerem schonn mat A Tribe Called Quest, De La Soul, a Britney Spears zesumme geschafft huet.

D'Fun Lovin Criminals presentéieren „Classic Fantastic“ als optimistesch gestëmmten Partyalbum. Si annoncéieren Soul mat Trompetten am Titeltrack, Outkast-méissege Psycheledik-Sound an „Mars“, a karnavalinspiréierten HipHop an „She sings at the sun“. Mee och raue Rock ass dobäi an „The Originals“. Als Special Guests sinn den HipHop Star Rooots Manuva ze héieren, grad wéi de Comedian Mike Strutter.

You need Flash to view this content




Weider Artiklen

9. Feb 09:14
De Phenomen "Skrillex"
2. Feb 17:19
Anx 74 mat éischter Single a Videoclip
20. Jan 09:42
Tréirer Band Vandermeer gewënnt Facebook-Concours
17. Jan 11:57
Lumi presentéieren hiren éischten Album "Cycles"
12. Jan 10:17
Lëtzebuerger bei "The Voice"
10. Jan 11:59
Etude seet: "Club 27" ass e Mythos
9. Jan 12:00
Downloads iwwerhuelen CD-Verkaf
27. Dez 15:20
Eldoradio Concerts-Réckbléck 2011
27. Dez 14:59
Best of Alben 2011 + Ausbléck 2012
16. Nov 15:47
Feierblumm, produzéiert Museksvideo'en

Alternative content

Ëmfro

Ween ass bis elo däin Favorit beim RAF 2012?

  • Motörhead
  • Billy Talent
  • The Kooks
  • Casper
  • Clueso
  • Jessie J
  • Snow Patrol
  • Mac Miller
  • Two Door Cinema Club
  • Dropkick Murphys
  • Mastodon
  • Angel At My Table
  • Mutiny On The Bounty




Last Played Songs

PRINCE

Sexy M.f.
Buy
05:09

CARO EMERALD

Stuck
Buy
05:05

UDO LINDENBERG FEAT. JAN DELAY

Reeperbahn 2011 (what It`s Like)
Buy
05:01

CHIDDY BANG

Ray Charles
Buy
04:57

3 DOORS DOWN

Here Without You
Buy
04:54