Net agelogged Newsletter | Login

Eldoradio CD Kritik

The Asteroids Galaxy Tour: Out Of Frequency

20.02.2012, 14:17 - Fir d'lescht aktualiséiert: 20.02.2012, 14:24
Share on Myspace

Nom Motto „Pausen sinn och Musik“ ass e minimalistesche Sound mat Bands wéi  The XX an James Blake de Moment zimlech populär. Ëmmer nach gëtt et awer Museker déi sech géint dësen Hype wieren an de Géigendeel maachen: maximal Power, vollgepaakten Arrangementer, riesech Action. Zu dëser Kategorie gehéieren och The Asteroids Galaxy Tour. Dës Band vun Kopenhagen setzt op explosiv Bléiser an een dynamesche Beat, a schaaft sou eng säfteg Mëschung aus  klasseschem Bigband-Sound, Seventies-Funk an Disco. Kombinéiert gëtt dat ganzt mat genee där richteger Dosis un Pop.

De Kontrast zu dësem Soundbett bild d’Stëmm vun der Sängerin Mette Lindberg: Dës frësch Mëschung aus Santigold a Spice Girls beweegt sech zwar heiansdo geféierlech no un der Grenz zum Nervegen, ass awer wuel grad dowéinst zu engem Markenzeechen vun der Band ginn. Schonn um Debütalbum vun 2009 waren hitverdächteg Nummeren.

Är Meenung?
50%
50%
 

Deen neien Album probéiert, de Chaos perfekt ze maachen- a kritt dat gréisstendeels och ganz gutt hin. Den Nolauschterer gëtt gezwongen sech einfach falen ze loossen a keng Froen ze stellen. Wat do musikalesch ofleeft, erënnert un den Bau vun engem Wolkenkratzer bannent 5 Minutten: Et passéiert onwahrscheinlech vill gläichzäiteg.

Aner Bands hätten op dës Art a Weis hiert Polver no 2 Lidder verschoss- The Asteroids Galaxy Tour fänken do réischt un. Den Titeltrack iwwerrascht zum Beispill duerch stännegen Rhythmus- an Tempowiessel an och "Cloak & Dagger" zaubert engem ee breet Grinsen op d‘Gesiicht.

Iwwerhaapt setzen d‘Dänen op dësem Album méi staark op Bléiser an décke Bass wéi beim Debütalbum. An dat mécht sech bezuelt. Et schéint, wéi wann de Bassist, Keyboarder a Songwriter Lars Iversen lo réischt dee reelle Potential vu senger Band entdeckt hätt. An op wéi enge Planéiten The Asteroids Galaxy Tour no eiser Äerd nach alles Halt maachen, bleift ofzewaarden.

 

Kuckt hei de Video zur aktueller Single:





Weider Artiklen

15. Mee 09:21
Gossip: A Joyful Noise
7. Mee 13:07
Die Toten Hosen: Ballast der Republik
30. Abr 09:20
Alex Clare: The Lateness Of The Hour
23. Abr 10:05
Of Monsters And Men; My Head Is An Animal
13. Abr 19:02
Die Ärzte: Auch
10. Abr 11:28
Alabama Shakes: Boys & Girls
26. Mär 12:44
The Ting Tings Sounds From Nowheresville
22. Mär 12:26
Madonna: MDNA
19. Mär 10:20
Stefanie Heinzmann
13. Mär 15:20
Charlie Winston: Running Still

Alternative content

Ëmfro

De Marathon 2012 an der Stad. Sidd der derbäi?

  • Jo, ech lafen de ganzen Marathon mat
  • Jo, ech lafen de Semi mat
  • Jo, ech lafen an der Staffel mat
  • Ech lafen net mat mä ginn kucken
  • Nee, ech hunn näischt mam Marathon ze dinn