Blossoms5.2.2017 live @ Den Atelier

Di englesch Indiepopband Blossoms kënnt d'nächst Joer mat hirem éischten Album fir e Concert live an den Atelier.

Leschten Update: 29.09.2016, 07:03:02

Blossoms goufen zejoert mat der Single "Charlemagne" bekannt. Am August huet de britesche Quintett deen 1. Studioalbum eraus bruecht, an deen huet et direkt bis un d'Spëtzt vun de briteschen Charts gepackt.

Elo kënnt di britesch Band fir een éischte Concert live op Lëtzebuerg. Sonndes de 5. Februar 2017 spille Blossoms live am Atelier.

D'Prévente fänkt den 4. Oktober um 10h un.

Weider Infos an Tix: LINK: www.atelier.lu/