Nickelback"Et war e mega Concert!"

Lescht Joer hunn Nickelback hire Concert leider missen annuléieren. Dofir hunn si gëschter an der Rockhal ëmsou méi iwwerzeegt!

Leschten Update: 30.09.2016, 18:23:47

© Eldoradio

D'Fans schéngen absolut op hir Käschte komm ze sinn! Déi kanadesch Rockband huet gëschter Owend eng super Show ofgeliwwert. De ganze Concert iwwer hunn si ëmmer nees mam Public geschwat a Witzer gemaach.

Musikalesch waren all grouss Hits wéi "Rockstar", vun der sympathescher Band mat dobäi. Iwwregens goufe während deem Song 3 Fans op d'Bühn geruff, déi d'Chance haten de Mega-Hit mat der Band zesummen ze sangen.

Nieft dem mega Sound an de gewinnte Videoprojektiounen, gouf et als Zugab nach e Cover vun de Foo Fighters, deen allerdéngs net bei jidderengem gutt ukomm ass.

Esou hutt dir de Concert fonnt:
Links