Music News257ers: 25. Januar 2017 live @ Den Atelier

Mat der Single „Baby du riechst“ haten 257ers een éischten Hit um Eldoradio. Elo huet di däitsch Hiphop-Band e Concert zu Lëtzebuerg ugekënnegt.

Leschten Update: 10.10.2016, 14:39:54

257ers hunn eng ganz eegen Definitioun vun Hiphop an vun Humor- mee mat dësem eenzegaartege Stil hunn si sech an de leschte Joeren eng grouss Fangemeinschaft erspillt.

Am Summer huet d’Band hiren neien Album Mikrokosmos“ eraus bruecht  wou och di aktuell Single „Holland“ ze fannen ass.

No enger Festival-Tour am Summer  geet et lo op grouss Indoor Tour duerch Holland, Éisträich, Schwäiz, Däitschland an eben och Lëtzebuerg: hei kënnt der 257ers Mëttwochs den 25. Januar 2017 am Atelier gesinn.

Weider Infos an Tix: LINK: http://www.atelier.lu/