Emeli Sandé25. Mäerz 2017 @ Rockhal

Am Kader vun senger "Long Live The Angels"-Tour kënnt di britesch Sängerin Emeli Sandé d'nächst Joer fir e Concert live an d'Rockhal.

Leschten Update: 22.11.2016, 18:18:48

D'Emeli Sandé war 2013 mat sengem Debüt-Album a mat Hits wéi "Next to Me" oder "Heaven" weltwäit bekannt ginn. Dono huet di dräifach  Brit-Awards- Gewënnerin sech zréck gezunn, fir nei Lidder ze komponéieren.

Den 11. November ass dem Emeli Sandé  säin 2. Studioalbum erauskomm an domat geet d'Sängerin Ufank 2017 op seng nei "Long Live The Angels"-Tour. Seng onwahrscheinlech staark Stëmm huet hatt net verluer, an  och net säi gutt Gefill fir schéi Balladen.

De 25. Mäerz 2017 kënnt der hatt live an der Rockhal erliewen. De Virverkaf fänkt den 23. November un.

Weider Infos: LINK: rockhal.lu

LINK: facebook.com/emelisande/



Regular Tix: LINK: http://www.etix.com

Meet&Greet: LINK: http://event.etix.com/