Elton John13. Juni 2017 live an der Coque

D' "Wonderful Crazy Night"-Tour bréngt de britesche Sänger Elton John mat Band eng 3. Kéier op Lëtzebuerg.

Leschten Update: 08.11.2016, 14:47:17

Am Kader vu senger "Wonderful Crazy Night"-Tournée kënnt den Elton John eng 3. Kéier live op Lëtzebuerg,

De britesche Sänger ass schonn 2003 an 2010 hei am Land opgetrueden.

Am Kader vum 15. Anniversaire vun der Coque trëtt den Elton John mat senger Band do den 13. Juni 2017 op.