Rag'n'Bone Man 28. Mäerz 2017 live @ Rockhal

Den ugesote Soulmuseker Rag'n'Bone Man kënnt zréck op Lëtzebuerg.

Leschten Update: 06.12.2016, 16:18:10

Dee komplett tätowéierte britesche Museker Rory Graham huet sech de Kënschtlernumm Rag'n'Bone Man ginn.

Op de Fangeren kann een 'Soul' a 'Funk' a grousse Buschtawen liesen, an domat ass och seng musikalesch Richtung kloer.

Dëst Joer huet de Rag'n'Bone Man mat der Single "Human" ee groussen Hit gelant.

Dënschdes den 28. Mäerz kënnt dësen interessanten Newcomer,nodeem hien um Virowend zu Paräis opgetrueden ass fir zweet an Rockhal.

De Virverkaf fänkt dëse Freideg 9. Dezember un.

Weider Infos fannt der hei: LINK: Rockhal