Placebo9. Mee 2017 live @ Rockhal

No 10 Joer komme Placebo am Kader vun hirem 20-jährege Jubiläum zréck op Lëtzebuerg!

Leschten Update: 13.12.2016, 18:36:28

De Bandleader Brian Molko gouf an Amerika gebuer. Hien ass an deene ënnerschiddlechste Länner opgewuess- och hei zu Lëtzebuerg.

Och säi Bassist, de Stefan Olsdal, huet hien hei am Land an der Europaschoul kenne geléiert.

Éischten Placebo-Hit war 1998 d'Single "Every You And Every Me".

Mëttlerweil si Placebo 20 Joer erfollegräich am Museksbusiness ënnerwee. Fir dëse Jubiläum ze feieren, ass d'Band lo op enger grousser  „20 Years of Placebo“-Tour ënnerwee. An deem Kader kënnt di britesch Alternative-Rockband den 9. Mee 2017 live an d'Rockhal. Mëttlerweil sinn et 10 Joer hir, dass Placebo zu Lëtzebuerg opgetruede sinn. D'Band versprécht eng Setlist, déi hire ganze Songkatalog ofdeckt:

 “Let's just say there will be songs in the set that I've sworn never to play again. I think it's time that we purposefully acknowledged what a lot of Placebo fans really want to hear. They've been very patient with us since we rarely play our most commercially successful material.  A 20 year anniversary tour seems like the right time to do so. That's our intention. This tour is very much for the fans and a chance for us to revisit a lot of our early material. So, if you want to see us play songs like 'Pure Morning’ and 'Nancy Boy’, which we haven't played in almost ten years and may not play again, then you'd better come along to these shows! We'll have some surprises in there too."

De Virverkaf fänkt dëse Freideg 16. Dezember um 10h un.

Weider Infos an Tix: LINK: http://www.rockhal.lu