Bob Dylan22. Abrëll 2017 live @ Rockhal

De Bob Dylan gëllt als ee vun den aflossräichste Songwriter vun eiser Zäit. Mat senger Band kënnt hie lo zréck fir e Concert an d'Rockhal.

Leschten Update: 13.12.2016, 14:01:45

© afp

Den 22. Abrëll 2017 kënnt de Bob Dylan mat senger Band fir e Concert an d'Rockhal.

Et ass net fir d'éischt, dass den Dylan op Lëtzebuerg kënnt. Hie war viru 5 Joer mam Mark Knopfler zesummen do a virun 3 Joer nach eemol eleng mat senger Band.

De Bob Dylan kann op eng 50 Joer laang Carrière zeréckkucken. Hie gëllt als ee vun den aflossräichste Songwriter vun eiser Zäit a gouf jo och mam Literaturnobelpräis ausgezeechent.

Samschdes den 22. Abrëll 2017 ass de Bob Dylan live an der Rockhal ze gesinn, d'Prévente fänkt dëse Freideg um 10h un.

Weider Infos an Tix: LINK: www.rockhal.lu