ZZ Top14. Juli 2017 live @ Rockhal

ZZ Top ginn d’nächst Joer op Europatour an kommen och zréck fir e Concert an d‘Rockhal

Leschten Update: 14.12.2016, 12:55:49

Bal 5 Joerzéngten laang sinn ZZ Top mat deem selwechte Line Up ënnerwee. 15 Studioalben hunn si eraus bruecht a grouss Hits gelant wéi „La Grange“ an „Sharp Dressed Man“.

Am Kader vun hirer „The Tonnage Tour: Metric Edition“ kommen ZZ Top d’nächst Joer zréck an Europa fir hire berühmten Chrom- a Barbecue-Rock ze spillen. De 14. Juli kënnt des legendär Rockband live an d’Rockhal.

Ticketen kritt der vun e Freideg 16. Dezember 10h un um Site vun der Rockhal.

Weider Infos an Tix: LINK: www.rockhal.lu/featured/