Concerte vum Mount Januar zu Lëtzebuerg257ers, Nick Waterhouse, Bastille

De Patrice kënnt zréck op Lëtzebuerg mat sengem moderne Reggae-Sound, an 257ers brénge Partystëmmung an den Atelier.

Leschten Update: 05.01.2017, 05:06:05

De Patrice kënnt zréck an den Atelier. Dëse Reggae-Sänger aus Däitschland Kombinéiertes jamaikanesch Rhythmen mat afrikaneschen Elementer , klassesche Folk mat funkege Gittaren. Mat sengem neien Album „Life’s Blood“ an der Single „Burning Bridges“ kënnt der hien Freides den 20. Januar am Atelier erliewen.

257ers hunn eng ganz eegen Definitioun vun Humor an Hiphop an  a si bekannt fir hir berühmt-berüchtegt Live-Showen. Mëttwochs den 25. Januar kommen si live an den Atelier

Fir d’éischte Kéier an 5 Joer ass di amerikanesch Indiefolkband Bon Iver lo nees op Europatour. Freides de 27. Januar presentéiert d’Band ronderëm de Sänger Justin Vernon  hiren neien Album an der Rockhal

Deen Dag steet den Newcomer Nick Waterhouse an de Rotonden live op der Bühn. Hien presentéiert dem Public hei säi moderne Cocktail aus Blues, Jazz a Soul – Samschdes den 28. Januar an de Rotonden.

Di britesch Indieband Bastille huet sech zejoert zréck gemellt mat hirem Album „Wild World“ an dee presentéieren d'Museker Dënschdes den 31. Januar an der Rockhal.