Music News
Guns´N´Roses, den Axl léiert et ni!!!

Guns´N´Roses hunn et alt nees fäerdeg bruecht. D´Organisateuren haten et schonn am Gefill an d´Rocker si wéi ëmmer ze spéit op d´Bühn komm. Virgëschter sinn Axl Rose a Co. 1 ganz Stonn ze spéit op d´Bühn um Reading Festival komm. Eng Verlängerung gouf awer ausgeschloss. Hinnen ass ganz einfach de Jus ofgedréint ginn. Den Axl huet dat allerdéngs net op sech setze gelooss. Duerch e Parlophon huet hien den Organisateuren de Krich ugekënnegt dobäi ass alt rëm hie selwer Schold. Hien hat ganz einfach verschlof. D´Band war amfong pénktlech op der Platz, allerdéngs wollt den Axl nach eng Sieste halen. Jiddereen krut di strikt Uweisung hien op guer kee Fall wakreg ze maachen. Hien huet et allerdéngs och refuséiert d´Verantwortung z´iwwerhuelen an huet wéi en dunn gemierkt huet dass e verschlof huet, sengem kompletten Team de Contrat gekënnegt. Domme Jong!
Weider Artiklen
![]() | 9. Feb 17:19 Lady Gaga, éischt Tourdaten sinn raus! |
![]() | 9. Feb 17:17 Missy Elliott, kennt zréck! |
![]() | 9. Feb 17:15 Grammy, et Gett eng nei Kategorie! |
![]() | 9. Feb 17:06 Del Rey, hu Succes duerch d' Lana! |
![]() | 9. Feb 15:48 Michel Teló @ Rockhal, 01.03.2012 |
![]() | 8. Feb 08:16 Milow @ Däichhalen, Ettelbréck |
![]() | 8. Feb 15:06 Kasabian Concert verréckelt |
![]() | 8. Feb 14:55 Ed Sheeran, huet e Cadeau vir seng Fans! |
![]() | 8. Feb 14:48 Lana Del Rey, huet seng Tour ofgesot |
![]() | 8. Feb 14:45 Lady Gaga, geet op grouss Welttounee! |
Alternative content
























