Music News
Ronan Keating, Quote-Killer!?

Do hunn sech d´Produzenten vun der australescher „X-Factor“-Versioun awer schéi gebéit. Si hu gemengt mam Boyzone-Sänger Ronan Keating kéinten d´Quoten an d´Luucht goen. Vue dass deen awer grad an engem Scheedungskrich ass, well en senger Fra ëmmer rëm friem gaangen ass fannen d´Australier hien alles anescht wéi sympathesch. Och d´Natalie Imbruglia konnt d´Quoten net an d´Luucht drécken. Di 1. Emissioun ass mega gefloppt a gouf just vun knapp ½ Millioun Leit gekuckt, dobäi hunn d´Produzenten 14 Millioune Pond dra gestach! Weidert Jurymember ass de Radiosanimateur Kyle Sandilands de behaapt d´Lady Gaga entdeckt ze hunn. Australesch Teenager hunn hien bei den „Kid´s Choice Awards“ zum „schlëmmsten Béisen“ am Showbiz nominéiert. Gudde Choix awer vir eng Sendung ze pushen!
Weider Artiklen
![]() | 9. Feb 17:19 Lady Gaga, éischt Tourdaten sinn raus! |
![]() | 9. Feb 17:17 Missy Elliott, kennt zréck! |
![]() | 9. Feb 17:15 Grammy, et Gett eng nei Kategorie! |
![]() | 9. Feb 17:06 Del Rey, hu Succes duerch d' Lana! |
![]() | 9. Feb 15:48 Michel Teló @ Rockhal, 01.03.2012 |
![]() | 8. Feb 08:16 Milow @ Däichhalen, Ettelbréck |
![]() | 8. Feb 15:06 Kasabian Concert verréckelt |
![]() | 8. Feb 14:55 Ed Sheeran, huet e Cadeau vir seng Fans! |
![]() | 8. Feb 14:48 Lana Del Rey, huet seng Tour ofgesot |
![]() | 8. Feb 14:45 Lady Gaga, geet op grouss Welttounee! |
Alternative content
























