Music NewsDen James Arthur muss säi Permis ofginn

Och Museker hale sech net ëmmer un de Code de la Route: Den Ed Sheeran krut kierzlech e Protokoll an James Arthur muss carrément de Führerschäin ofginn.

Leschten Update: 12.01.2017, 12:55:24

Den James Arthur war och ze séier ënnerwee, allerdéngs net just eemol, mä ëfters an de leschten 2 Joer. Ausserdeem huet hie säi Rendez-vous um Geriicht verpasst an ass trotzdem weider Auto gefuer, obwuel hien scho kee Führerschäin méi hat. Dowéinst muss hien 2.000 Euro Strof bezuelen an huet 6 Méint Fuerverbuet.

Haut feiert den James Arthur iwwregens mat engem Video, dass hie säin Hit „Say You Won’t Let Go“ an den USA fir d’éischte Kéier um Radio héieren huet. Hien sëtzt dobäi iwwregens an engem Taxi.


First time hearing my song in the US

Ein von James Arthur (@jamesarthurinsta23) gepostetes Video am