Retro Hit
Retrohit vum 10.06.10
10.06.2010, 14:29 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.06.2010, 14:30

Den Charles, säit sengem 7.Liewensjoer blann, war ee vun de ganz groussen Artisten, dee Soul, RnB, Gospel a Blues a senge Lidder zesumme bruecht huet. Virun 2 Joer huet de Rolling Stone Magazine den Charles op Plaatz 2 gewielt an der Lescht “The 100 greatest Singers of all Time”.
A senger iwer 50 Joer laanger Karriere huet hien et op 60 Studioalbe bruecht. Dee läschten, “Genius loves Company”, koum kuerz no sengem Doud eraus. Mat Stare wéi Elton John, Diana Krall a B.B. King war de Ray nach eng Kéier an de Studio gaang. D´Joer drop gouf den Album mat 8 Grammy´en ausgezeechent, dorenner dee fir den Album vum Joer, an d´Single vum Joer.
Déi ass haut den Eldoradio Retrohit vum Dag: “Here we go again”, zesumme mam Norah Jones.
Weider Artiklen
![]() | 7. Feb 15:23 Retrohit vum 10.2.12 |
![]() | 7. Feb 15:08 Retrohit vum 9.2.12 |
![]() | 6. Feb 14:12 Retrohit vum 8.2.12 |
![]() | 6. Feb 13:18 Retrohit vum 7.2.12 |
![]() | 2. Feb 13:05 Retrohit vum 6.2.2012 |
![]() | 2. Feb 11:28 Retrohit vum 3.2.2012 |
![]() | 1. Feb 10:58 Retrohit vum 2.2.2012 |
![]() | 31. Jan 10:34 Retrohit vum 1.2.2012 |
![]() | 20. Jan 18:58 Retrohit vum 27.1.12 |
![]() | 20. Jan 16:35 Retrohit vum 26.1.12 |
























