This day in music
Gloria Estefan, The Cure, Five for Fighting, 1.9.2010

D'Gloria Estefan huet haut Geburtsdag. Di amerikanesch Sàngerin kritt 53 Joer. Hire gréisste Succès hat d'Sängerin an den 80er Joren, mat der Top 10 Single „Dr Beat“ plus 20 weidere Lidder an den engleschen Top 40. An de leschte Joeren gouf et méi roueg em d'Sängerin, déi mëttlerweil och als Kannerbuchauteurin schafft.
Haut virun 20 Joer hunn The Cure vun engem Piratesender an England aus eng 4 Stonne laang Musekssendung ausgestrahlt. D'Sendung huet um zwou Auer nuets ugefaangen an nennt sech „Cure FM“. Ausgestrahlt goufen Interview'en mat der Band, grad wéi onveröffentlecht Opnahmen. The Cure wollten mat dëser Aktioun Reklamm fir hiren neien Album „Mixed Up“ maachen. Hei sinn bekannten Hits vun The Cure an zimlech radikalen Remixen ze héieren. Fir absolut Cure-Fans eng interessant Ofwiesslung. All di aner hunn sech gefreet, wéi The Cure zwee Joer dono mat „Wish“ nees en normalen Album eraus bruecht hunn.
Haut virun 9 Joer ass de Song „Superman (It’s Not Easy)“ vun Five For Fighting an di amerikanesch Charts era geklommen. 10 Deeg méi spéit hunn d'Terroruschléi an den USA d'ganz Welt schockéiert. 3.000 Menschen koumen em d'Liewen, dorënner 300 Pompjee'en. „Superman (It’s Not Easy)“ gouf zu hirem Lidd. Five For Fighting bleiwen mat hirer Hymne fir d'New Yorker Pompjee'en am ganzen 35 Wochen an den amerikaneschen Charts.
Weider Artiklen
![]() | 7. Feb 15:22 Rod Stewart, Prince, Amy Winehouse - 10.2.12 |
![]() | 7. Feb 15:04 BRIT Awards, Dido, Norah Jones - 9.2.12 |
![]() | 6. Feb 14:15 Billy Ocean, Oasis, BRIT Awards - 8.2.12 |
![]() | 6. Feb 13:15 Kool & the Gang, Blondie, Queen - 7.2.12 |
![]() | 2. Feb 13:04 Falco, Axl Rose, Bob Marley, UK Charts - 6.2.2012 |
![]() | 2. Feb 11:26 Mario, Adele, Gloria Estefan- 3.2.2012 |
![]() | 1. Feb 10:55 Foreigner, Pet Shop Boys, Shakira - 2.2.12 |
![]() | 31. Jan 10:28 Nipplegate, Lily Allen, We Are The World - 1.2.2012 |
![]() | 30. Jan 13:44 Gabrielle, Chemical Brothers, Phil Collins 30-1-12 |
![]() | 20. Jan 18:54 Madonna, Babylon Zoo, Birthdays - 27.1.12 |
























