This day in music
David Guetta, Coldplay, Black Eyed Peas, 7.9.2010

Den David Guetta huet haut Geburtsdag. De franséischen DJ a Produzent kritt 43 Joer. Den David Guetta huet mat 17 Joer ugefaangen als Mixer an DJ a Paräisser Disko'en ze schaffen. Am Joer 2002 ass säin Debütalbum „Just A Little More Love“ eraus komm. Mat der Singel „Love Don’t Let Me Go“ huet den David Guetta säin internationalen Durchbroch gepackt.
Haut virun 8 Joer ass deen zweeten Album vun der britescher Band Coldplay eraus komm. Mat „A Rush Of Blood To The Head“ goufen si weltwäit bekannt, 3 Lidder goufen Top10-Hitten an England: „Clocks“, „In My Place“ an „The Scientist“. Fir de Video zu „The Scientist“ hat de Coldplay-Sänger Chris Martin eng schwiereg Aufgab. D'Geschicht ass am Video näämlech hannertsech gelaaf. Ee Wëssenschaftler huet seng Frëndin bei engem Autosaccident verluer an réischt do gouf him klor, dass en hatt déi ganz Zäit vernoléissegt hat. Fir dass den Text verständlech bleift, huet de Chris Martin beim Dréih och missen hannertsech sangen.Haut virun 7 Joer waren d'Black Eyed Peas fir 6 Wochen op Platz 1 an England mat „Where Is The Love“. Et war eng Auskopplung aus hirem 3. Album „Elephunk“. Den Album huet sech weltwàIt méi wéi 7 Milliounen Mol verkaf an huet de Quartett bannent e puer Méint zu engem vun de bekanntsten an erfollegräichsten Acts gemaach. Besonnesch „Where Is The Love?“, eng Kollaboratioun mam Justin Timberlake, huet awer zum Succès vum Album bäigedroen.
Weider Artiklen
![]() | 7. Feb 15:22 Rod Stewart, Prince, Amy Winehouse - 10.2.12 |
![]() | 7. Feb 15:04 BRIT Awards, Dido, Norah Jones - 9.2.12 |
![]() | 6. Feb 14:15 Billy Ocean, Oasis, BRIT Awards - 8.2.12 |
![]() | 6. Feb 13:15 Kool & the Gang, Blondie, Queen - 7.2.12 |
![]() | 2. Feb 13:04 Falco, Axl Rose, Bob Marley, UK Charts - 6.2.2012 |
![]() | 2. Feb 11:26 Mario, Adele, Gloria Estefan- 3.2.2012 |
![]() | 1. Feb 10:55 Foreigner, Pet Shop Boys, Shakira - 2.2.12 |
![]() | 31. Jan 10:28 Nipplegate, Lily Allen, We Are The World - 1.2.2012 |
![]() | 30. Jan 13:44 Gabrielle, Chemical Brothers, Phil Collins 30-1-12 |
![]() | 20. Jan 18:54 Madonna, Babylon Zoo, Birthdays - 27.1.12 |
























