This day in music
Destiny's Child, Scissor Sisters, Modjo, 10.9.2010

Haut virun 5 Joer huet den amerikaneschen Trio Destiny’s Child am kanadeschen Vancouver säin leschten Concert gespillt. Dono huet d'Girlband em d'Beyoncé Knowles sech definitif opgeléist.No 15 erfollegräichen Joren. Schonn 4 Joer virdrun gouf et Rumeuren em eng Trennung vun Destiny's Child, d'Beyoncé huet sech ëmmer méi op seng Solokarriere konzentréiert. Di offiziell Trennung gouf et dunn den 10. September 2005 bei hirem leschten gemeinsame Concert.
Haut virun 4 Joer waren d'Scissor Sisters op Platz 1 an England mat „I Don't Feel Like Dancin“. Et war der Band hir éischt Nummer 1 Single an England. D'Lidd gouf zesumme mam Elton John geschriwwen, deen och Pianopassagen baigesteiert huet.
Haut virun 10 Joer war de franséischen Duo Modjo op Platz 1 an den engleschen Singlecharts mat „Lady“. D'Lidd baséiert op engem Gittaresample vu Chic hirem Titel „Soup For One“, kombinéiert mat Disco- a Pop-Elementer. An Zäiten wou dee sougenanten French House ugesot war, mat Bands wéi Daft Punk, hunn och Modjo an verschiddenen Länner d'Spëtzt vun den Charts erreecht. Modjo bloufen allerdengs ee One-Hit-Wonder.
Weider Artiklen
![]() | 7. Feb 15:22 Rod Stewart, Prince, Amy Winehouse - 10.2.12 |
![]() | 7. Feb 15:04 BRIT Awards, Dido, Norah Jones - 9.2.12 |
![]() | 6. Feb 14:15 Billy Ocean, Oasis, BRIT Awards - 8.2.12 |
![]() | 6. Feb 13:15 Kool & the Gang, Blondie, Queen - 7.2.12 |
![]() | 2. Feb 13:04 Falco, Axl Rose, Bob Marley, UK Charts - 6.2.2012 |
![]() | 2. Feb 11:26 Mario, Adele, Gloria Estefan- 3.2.2012 |
![]() | 1. Feb 10:55 Foreigner, Pet Shop Boys, Shakira - 2.2.12 |
![]() | 31. Jan 10:28 Nipplegate, Lily Allen, We Are The World - 1.2.2012 |
![]() | 30. Jan 13:44 Gabrielle, Chemical Brothers, Phil Collins 30-1-12 |
![]() | 20. Jan 18:54 Madonna, Babylon Zoo, Birthdays - 27.1.12 |
























