This day in music
Eric Clapton, Good Charlotte, Bobby McFerrin 11.3.2010

Haut virun 18 Jor huet den Eric Clapton bei MTV säin legendären Unplugged-Koncert agespillt. Dee ganze Concert mat den Hitten „Layla“ an „Tears In Heaven” gouf an engem eenzegen Take opgeholl. Dem Clapton säin „MTV Unplugged“ Album huet sech weltwait iwwer 7 Millioune mol verkaf a gouf ee vun sengen erfollegräichsten Alben. Ausserdeem krut den Eric Clapton fir „MTV Unplugged“ am ganzen 6 Grammy’en, ënner anerem fir dee beschten Album an fir „Tears In Heaven“ als Song a Single vum Jor.
D’Zwillingsbridder Joel an Benji Madden, d’Sänger vun der amerikanescher Rockband Good Cahrlotte kréien haut 31 Jor. Ähnlech wéi bei Green Day a Blink 182 sinn hir Aflëss am Pop, Metal a Punk ze fannen. An Europa hunn Good Charlotte virun 6 Jor mat hirem 3. Album „The Chronicles Of Life And Death“ den Duerchbroch gepackt.
Och de Bobby McFerrin huet haut Geburtsdag. De amerikanische Sänger kritt 60 Jor. Schonn als klenge Jong souz hien am léifsten bei sengem Papp sengem Piano an huet nogekuckt, wéi dee Gesangsunterrecht ginn huet. Mat Enn 20 decidéiert de Bobby McFerrin, eleng ganz ouni Band op d’Bühn ze goen. Mee seng Stëmm ass sou villsäiteg, dass hien als One-Man-Show säi Publikum begeeschtere kann. Mat senger Stëmm kann hien déi ënnerschiddlechst Instrumenter imitéieren. Am Jor 1988 packt de Bobby McFerrin dun mat „Don't Worry Be Happy“ och de Sprong op Platz 1 an di amerikanesch Charts. Et gouf awer een onschéinen Detail: Den George Bush huet d’Lidd a sengem Wahlkampf benotzt. Als Demokrat war den Bobby McFerrin sou rosen doriwwer, dass hien öffentlech dogéint protestéiert huet.
Weider Artiklen
![]() | 7. Feb 15:22 Rod Stewart, Prince, Amy Winehouse - 10.2.12 |
![]() | 7. Feb 15:04 BRIT Awards, Dido, Norah Jones - 9.2.12 |
![]() | 6. Feb 14:15 Billy Ocean, Oasis, BRIT Awards - 8.2.12 |
![]() | 6. Feb 13:15 Kool & the Gang, Blondie, Queen - 7.2.12 |
![]() | 2. Feb 13:04 Falco, Axl Rose, Bob Marley, UK Charts - 6.2.2012 |
![]() | 2. Feb 11:26 Mario, Adele, Gloria Estefan- 3.2.2012 |
![]() | 1. Feb 10:55 Foreigner, Pet Shop Boys, Shakira - 2.2.12 |
![]() | 31. Jan 10:28 Nipplegate, Lily Allen, We Are The World - 1.2.2012 |
![]() | 30. Jan 13:44 Gabrielle, Chemical Brothers, Phil Collins 30-1-12 |
![]() | 20. Jan 18:54 Madonna, Babylon Zoo, Birthdays - 27.1.12 |
Alternative content
























