This day in music
U2, Rick Astley, Buena Vista Social Club 12.3.2010

Haut virun 27 Jor haten U2 hiren éischten Nummer 1 Album an England mat «War». ganzer 147 Wochen ass den Album an den Charts bliwwen. Bekanntste Single vum Album war „New Years Day“.
Haut virun 22 Jor war de Rick Astley mat senger Debütsingle „Never Gonna Give You Up“ op Platz 1 vun den amerikaneschen Charts. Den erfollegräichen Produzententrio Stock, Aitken & Waterman war vum Rick senger Stëmm iwwerzeegt an huet säin éischten Hit geschriwwen a produzéiert. Den 12. Mäerz 1988 stoung de Rick Astley mat „Never Gonna Give You Up“ fir zwou Wochen op Platz 1 vun den amerikaneschen Charts.
Haut virun 14 Jor huet de Blues-Gittarist Ry Cooder den Buena Vista Social Club nei entdeckt. Hien war extra op Havanna gereest, fir des vergiessen Talenter nees z’entdecken. Dozou zielen di 80 Jor al Sängerlegend Compay Segundo, de Sänger Ibrahim Ferrer, de Gittarist Eliades Ochoa an de Pianist Ruben Gonsalez. Zesummen hunn si zu Havanna en neien Album agespillt. Eng Mëschung aus afro-kubaneschen Rhythmen a spuenescher Gittaremusek. Den Album „Buena Vista Social“ verkeeft sech weltwäit iwwer 5 Milliounen Mol.
Weider Artiklen
![]() | 7. Feb 15:22 Rod Stewart, Prince, Amy Winehouse - 10.2.12 |
![]() | 7. Feb 15:04 BRIT Awards, Dido, Norah Jones - 9.2.12 |
![]() | 6. Feb 14:15 Billy Ocean, Oasis, BRIT Awards - 8.2.12 |
![]() | 6. Feb 13:15 Kool & the Gang, Blondie, Queen - 7.2.12 |
![]() | 2. Feb 13:04 Falco, Axl Rose, Bob Marley, UK Charts - 6.2.2012 |
![]() | 2. Feb 11:26 Mario, Adele, Gloria Estefan- 3.2.2012 |
![]() | 1. Feb 10:55 Foreigner, Pet Shop Boys, Shakira - 2.2.12 |
![]() | 31. Jan 10:28 Nipplegate, Lily Allen, We Are The World - 1.2.2012 |
![]() | 30. Jan 13:44 Gabrielle, Chemical Brothers, Phil Collins 30-1-12 |
![]() | 20. Jan 18:54 Madonna, Babylon Zoo, Birthdays - 27.1.12 |
Alternative content
























