StadE Mann läit uerg blesséiert an engem Dreckswon

D'Mataarbechter hunn de jonke Mann am Behälter vum Gefier jäizen héieren. D'Persoun gouf uerg blesséiert a koum an d'Spidol.

Leschten Update: 05.01.2017, 18:14:48

© BERTRAND LANGLOIS / AFP

Zu engem ganz ongewéinleche Virfall koum et um Mëttwoch de Mueren an der Avenue de la Liberté an der Stad, dat géint kuerz viru 7 Auer. Wéi d’Pabeier-Poubellë vun engem Won eidel gemaach goufen ass de Mataarbechter op eemol opgefall wéi eng Persoun aus dem Gefier eraus gejaut huet.

An tatsächlech gouf festgestallt, dass am Behälter vum Dreckswon, wou de Pabeier erakënnt effektiv eng Persoun louch. D’Rettungsdéngschter sou wéi d’Beruffspompjeeë goufen direkt alarméiert.

De jonke Mann koum mat ganz schwéiere Blessuren an d’Spidol, wéi et dozou koum, dass de Mann an de Won komm ass, muss elo ermëttelt ginn, de Parquet gouf informéiert.