Neie Schnéi an der NuechtEng Partie Accidenter uechter d'Land

An der Nuecht op en Donneschdeg huet et am ganze Land nees geschneit. Doduerch koum et zu enger Partie Accidenter.

Leschten Update: 06.01.2017, 12:37:17

© Eldoradio / Archiv

An der Nuecht op en Donneschdeg huet et uechter d'Land geschneit.

Wéinst dem Schnéi respektiv glate Stroossen goufen et um Donneschdeg de Moien eng ganz Partie Accidenter. Et blouf awer all Kéiers beim Materialschued.

Géint 6 Auer war e Gefier tëscht Schweech an Habscht mat engem Wëllschwäi kollidéiert.

Zu Péiteng ware géint 7 Auer zwee Ween net laanschtenee komm a géint 8 Auer hunn op der Houschterdéckt zwee Autoe sech ze pake kritt.

Geknuppt hat et och um Kierchbierg am Turbo-Rondpoint tëscht zwee Autoen.

Tëscht Nacher a Kautebaach war eng Automobilistin vun der glater Strooss ofkomm. Si ass mat hirem Auto an engem Bësch un d'Hale komm.

An ee weidert Accident gouf et um Houwald. E Mann war mat sengem Auto an e Luuchtepotto gerannt. Hie gouf liicht verwonnt.

Fir déi nächst Nuecht sinn iwwregens Temperaturen vu bis zu -12 Grad virausgesot. Ech heescht also opzepassen.


LINK / hei geet et bei eisen Traffik Info