PéitrussdallD'Police fënnt eng Läich a sicht elo no Zeien

Um Freideg de Muere gouf déi schrecklech Decouverte gemaach, d'Police sicht elo no Persounen, déi eppes an de fréie Mueresstonne kéinte gesinn hunn.

Leschten Update: 08.01.2017, 17:29:16

© RTL

Wéi d’Police matdeelt, gouf haut de Muere géint 7 Auer Moies eng Läich am Péitrussdall, direkt ënnert dem Viaduc fonnt. An dësem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien, déi eventuell a de Mueresstonnen eppes kéinte gesinn hunn.

Sief dat elo am Dall oder op der Bréck selwer. Leit déi eppes Opfälleges gesinn hunn, sollen sech bei der Police vun der Stad Lëtzebuerg mellen.

D’Nummer ass de 4997-4500.