GiewelsmillenMann festgeholl wéinst versichtem Doutschlag

Op der Giewelsmillen soll de leschte Weekend ee Mann versicht hunn eng Fra ëmzebréngen.

Leschten Update: 10.01.2017, 11:16:04

© eldo

Op der Giewelsmillen soll et an engem Appartementshaus zu engem versichten Doutschlag komm sinn. Wéi d’Police schreift soll an der Nuecht op e Samschdeg ee Mann d’Bett an deem eng Fra drop geschlof huet, a Brand gesat hunn. Hien hätt eng brennbar Flëssegkeet iwwert d’Bett geschott an ugefaangen. D’Police judiciaire huet eng Enquête opgemaach. De Mann, dee net un där Adress ugemellt war, koum virun den Untersuchungsriichter. D’Fra gouf nodeems si an engem Spidol behandelt gouf, an eng Spezialklinik transportéiert.