Déidlechen Tëschefall op der Stater GareMann stierft no Festnahm

Op der Stater Gare koum et e Sonndeg den Owend zu engem déidlechen Tëschefall. Ee presuméierten Drogendealer ass um Wee op de Policebüro gestuerwen.

Leschten Update: 10.01.2017, 10:03:28

© eldo archiv

Zu engem déidlechen Tëschefall koum et e Méindeg den Owend op der Stater Gare.

Eng Fra hat der Police gemellt, dat si wéisst wou hire geklauten Handy wier. Si hätt den Täter an der Géigend vun der Gare gesinn.

An der rue Origer konnten d’Beamten den presuméierten Täter fannen an hu misste feststellen dat de Mann eng gréisser Quantitéit Drogen am Mond verstoppt hat. Hien huet dann och e puer Kugelen erausgespaut, wollt sech awer net verhafte loossen sou dass et zum Sträit komm ass.

Um Wee op de Policebüro ass dem Mann vu 60 Joer am Auto op ee mol schlecht ginn, sou dass den Noutdokter huet misse geruff ginn. Fir de Mann koum allerdéngs all Hëllef ze spéit.

De Parquet huet eng Autopsie gefrot fir déi genee Doudesursaach ze klären.