Héiweng-GarnechSchwéiert Accident, Fra a Kand net blesséiert

Vill Gléck hat eng Automobilistin déi tëscht Héiweng a Garnech ee schwéiert Accident hat.

Leschten Update: 10.01.2017, 08:59:03

© rtl.lu / oliveira domingos

Ee schwéiert Accident gouf et e Méindeg de Mëtten tëscht Héiweng a Garnech. Eng Automobilistin war mat hirem Won an e Bam gerannt an hat sech e puer mol iwwerschloen. D’Fra an hir d’Kand goufen zum Gléck net blesséiert, koumen awer fir eng Kontroll an d’Spidol.