Zukünfteg US-RegierungTrump säin Eedem soll Beroder am Wäissen Haus ginn

Den Donald Trump wëll de Mann vu senger Duechter, mat a seng Regierungsequipe huelen...

Leschten Update: 10.01.2017, 13:10:13

Jared Kushner© afp

Dem Donald Trump säin Eedem, also de Mann vu senger Duechter Ivanka, soll en héije Beroder-Posten am Wäissen Haus kréien.

Dat huet d'Equipe ronderëm den zukünftegen US-President wëssen gedoen.

Den Jared Kushner stoung dem Trump scho während dem Wahlkampf berodend zur Säit, an hien wéilt och an Zukunft op seng Meenung zielen, heescht et aus der Trump-Equipe.

Well e Gesetz géint Vetternwirtschaft an den USA et dem President awer verbitt fir Familljememberen direkt un ze stellen, ginn et nach verschidde Contrainten.Allerdéngs gëllen déi regelen éischter fir d'Regierungsequipe, wéi fir e Posten am Wäissen Haus.

Déi éischt Kandidaten fir e Ministesch-Posten ënnert dem Donald Trump gi vun haut un's iwwregens vum Senat gehéiert.