Nach 10 Deeg am AmtObama seet um Dënschdeg schonn 'Goodbye'

A senger Heemechtsstad Chicago hält de Nach-President Barack Obama um Dënschdeg eng Ried fir Äddi ze soen no 8 Joer un der Spëtzt vum Land...

Leschten Update: 11.01.2017, 05:14:03

© afp

Just nach 10 Deeg steet de Barack Obama un der Spëtzt vun den USA.
Dann gëtt den Donald Trump als nächsten US-President vereedegt.

Um Dënschdegowend wäert hien a senger Heemechtsstad Chicago eng Ried halen fir Äddi ze soen an op seng 8 läscht Joer am Wäissen Haus zeréck ze kucken.

Dobäi wäert et ganz sécher och e puer Messagen u säi Successeur ginn.

Duerch eenzel Mesuren, wéi Sanktiounen géint Russland schéngt et jo esou wéi wann den Obama dem Trump nach verschidde Steng wéilt an de Wee leeën, wat dësen och genee esou kritiséiert. An den Aen vum Trump wier e proppere Muechtwiessel vum Obama verhënnert ginn.

© afp