MeteoNeischnéi um Dënschdegmueren

Et gëllt haut de Moien nees gutt op ze passen op schmiereg Stroossen a glat Trottoiren...

Leschten Update: 10.01.2017, 11:01:49

© afp

A villen Deeler am Land ass et um Dënschdegmueren nees wäiss dobaussen.

An der Nuecht huet eis neie Schnéi areecht. Plazeweis sinn tëscht 2 a 4 cm erofkomm. (Am Minett manner wéi am Norden vum Land.)

Dofir gëllt et um Wee op d'Schaff de Moien natierlech nees gutt op ze passen op glat a schmiereg Stroossen oder Trottoiren.

De Meteo-Service um Findel huet eis awer confirméiert dass et am Laf vum Moien wäert ophalen mat schneien, an dann den Dag iwwer dréchen wäert bleiwen, dat bei Temperaturen liicht iwwer 0 Grad.

D'Aussiicht fir déi nächsten Deeg vu Meteolux :

© Meteolux