FIFAWM 2026 mat 48 Equipen

Eng gréisser Reform huet d'FIFA um Dënschdeg zu Zürich decidéiert. 48 Equippe wäerten a 9 Joer mat bei der WM dobäi sinn.

Leschten Update: 11.01.2017, 10:44:34

© FABRICE COFFRINI / AFP

D’Fussball-Weltmeeschterschaft 2026, also a 9 Joer, wäert mat 48 Teams ausgedroe ginn.

Bis ewell gouf jo ëmmer mat 32 Equippe gespillt, elo huet d’FIFA awer decidéiert, eng sougenannte Mammut-WM, mat nach eemol Hallef sou vill Equippen dobäi ze lancéieren. Dat ganzt gouf um Dënschdeg de Muere vun der FIFA zu Zürich decidéiert.

Wou d’WM wäert gespillt ginn, ass nach net gewosst.