KierchbiergGréisser Aarbechte wéinst dem Tram um Kierchbierg

Vu Mëtt Januar bis Mëtt Februar wäert d'Kräizung tëscht dem Boulevard Konrad Adenauer an der Avenue John F. Kennedy wéinst Aarbecht gespaart sinn.

Leschten Update: 11.01.2017, 06:59:11

© LUXTRAM

Vun en Donneschdeg 12. Januar bis e Samschdeg 11. Februar nach mat, wäerten et gréisser Aarbechten um Kierchbierg ginn.

Am Kader vum Tram ginn nämlech Leitungen an eng Plattform op der Héicht vum „Bricherhaff“ opgeriicht, dat op der Kräizung tëscht dem Boulevard Konrad Adenauer an der Avenue John F. Kennedy an der Géigend vun der zukünfteger Nationalbibliothéik. Während den Aarbechte wäert déi ganz Kräizung da fir de Stroossentraffik gespaart sinn.

Eng Deviatioun wäert dann iwwert de Circuit vun der Foire an iwwert d’Rue Coudenhove-Kalergi goen.