StroossbuergMuslimesch Meedercher musse mat schwamme goen

Och wann et géint d'Reliounsfräiheet geet, huet den Europäesche Geriichtshaff decidéiert, dass jonk Meedercher musse beim Schwammunterrecht matmaachen.

Leschten Update: 11.01.2017, 07:48:21

© MOHD RASFAN / AFP

Wéi den Europäesche Geriichtshaff zu Stroossbuerg decidéiert huet, dierfe Schoulen an Zukunft jonk Meedercher déi dem Islam ugehéieren dozou verflichte mat den anere Schoulkomeroden an de Schwammunterrecht ze goen.

Konkret geet et ëm e Fall vun zwou muslimesch Famillen aus der Schwäiz, déi en Unterrecht refuséiert hunn, bei deem souwuel Meedercher wéi Jongen zesummen an der Schwämm sinn. Well d’Meedercher allerdéngs net an der Pubertéit sinn, gouf e Fräistelle vum Schwamme vum Geriicht refuséiert.

Allerdéngs gouf bis elo sécher gestallt, dass d’Meedercher vun 9 an 11 Joer Burkini droen dierfen an och getrennt vun de Jonge Cabinne kréichen. De Staat huet also finalement a verschiddene Fäll d’Recht, d’Reliounsfräiheet anzeschränken.