Schulz-SuccesseurWie gëtt neien EU-Parlamentspresident?

D'EVP huet elo en Deal public gemaach, an deem d'Sozialdemokraten de Konservativen de Virtrëtt beim Choix vum Parlamentspresident iwwerloossen.

Leschten Update: 11.01.2017, 05:14:02

© FREDERICK FLORIN / AFP

Streit am EU-Parlament, dat wéinst der Fro vun der Suite vum Martin Schulz als EU-Parlamentspresident.

D’EVP huet elo en Deal public gemaach, bei deem d’Sozialdemokraten an der EU zougesot hunn, de Konservativen no der Halschent vun der Legislaturperiod de Virtrëtt ze iwwerloosse beim Choix vum Parlamentspresident.

De Fraktiounschef vun der EVP, de Manfred Weber, fuerdert och elo dohier sech, eng Woch virun der Wahl vum Parlamentspresident un dësen Deal ze halen.