PolitmonitorVerloschter fir Koalitioun, CSV grousse Gewënner

Géif e Sonndeg gewielt ginn, missten déi Liberal an d'Sozialisten am Verglach zum Wahljoer 2013 an den Bezierker Osten a Norden jeeweils ee Sëtz ofginn.

Leschten Update: 11.01.2017, 09:32:53

© RTL

Wann e Sonndeg Wahle wieren da géif d'CSV mat Ofstand stäerkst Partei an den zwee klengste Walbezierker ginn an zu Laaschte vun de Regierungsparteien u Stëmme gewannen. Dat geet aus dem neiste Politmonitor vun TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort ervir. DP wier am Osten de grousse Verléierer. Hu bei de Wahlen am Joer 2013 nach 18,6 Prozent vun de Wieler den Liberalen hir d’Vertrauen ausgeschwat, sou wieren et elo nëmmen nach 13 Prozent.

© RTL

© RTL


Ronn 4.000 wahlberechtegt Persounen goufen tëscht Enn Juni an Ufank Dezember, also während 5 Méint via Telefon ëm hir Meenung gefrot. D'Resultat gëtt dës Kéier also ee laangfristege Stëmmungstrend erëm.