No AttentatBerlin verschäerft Mesuren géint 'Gefährder'

Nom Attentat op ee Chrëschtmaart zu Berlin hunn den däitschen Innen- a Justizminister ee méi strengt Virgoen géint islamistesch 'Gefährder' decidéiert.

Leschten Update: 11.01.2017, 13:57:18

© dpa/AFP/Bernd Von Jutrczenka

Déi däitsch Bundesregierung wäert nom Attentat zu Berlin sou séier wéi méiglech hir Anti-Terror-Gesetzer verschäerfen. Dat hunn den Justizminister Maas an den Inneminister de Maizière annoncéiert. Ënnert anerem solle sou genannten 'Gefährder' méi séier aus dem Land geheit kënne ginn oder sollen eng elektronesch Foussfessel ukréien. 'Gefährder' si Mënschen deenen d’Sécherheetsautoritéiten een Attentat zoutrauen.