'Yes we did'Obama hält lescht Ried

10 Deeg éier hie vum Donald Trump ofgeléist gëtt, huet den US-President Obama seng lescht Ried gehal an e Bilan gezunn...

Leschten Update: 11.01.2017, 16:14:22

© afp

Et war déi lescht offiziell Ried virun engem Millioune-Publikum.

Zu Chicago huet de Barak Obama d'USA eng läschte Kéier opgeruff zesummen ze stoen, an dat iwwert politesch Differenzen ewech.

D'Demokratie am Land kéint just dann funktionéieren wann jiddereen sech bewosst géif ginn dass een zesummen méi staark ass, wéi gedeelt, sou den Obama, deen den 20ten Januar, also e Freideg an enger Woch, d'Wäisst Haus un den Donald Trump muss iwwerginn.

De Nach-President huet och d'Natioun opgeruff manner op ethnesch oder reliéis Ofstamungen ze kucken. Getrei dem Motto ''just zesummen ass ee staark'', huet hien derfir plädéiert dass acceptéiert gëtt dass och muslimesch Amerikaner genee sou patriotesch wieren wéi Leit vun anere Reliounen. Dass probéiert gëtt e Käil tëscht d'Vollek ze schloen, misst verhënnert ginn.

No sengem Wahlkampfslogan virun 8 Joer 'Yes we can' huet hien seng Ried dann och opgehal, mat de Wieder 'Yes, we did! '