No iwwer 2 MéintTrump gëtt nees eng Pressekonferenz

Zanter senger Wahlvictoire hat den Donald Trump sech net méi der Press gestallt. Um Mëttwoch ass nees eng Pressekonferenz geplangt...

Leschten Update: 11.01.2017, 15:29:14

© afp

No iwwer 2 Méint wäert den Donald Trump um Mëttwoch nees eng Pressekonferenz organiséieren.

Zanter senger Wahlvictoire, also viru gutt 2 Méint huet hien mat der Ëffentlechkeet jo quasi just via Twitter kommunizéiert.

An der Pressekonferenz dierft et virun allem drëms goen wéi den Immobilienmilliardär sech vu senge geschäftlechen Aktivitéiten wëll lass soen, fir Interessekonflikter mat sengem Amt ze evitéieren.