Rassistesch motivéierte MordCharleston-Attentäter gouf zum Doud veruerteelt

Fir de rassistesch motivéierte Mord u 9 Leit gouf en 22 Joer jonken Täter am US-Bundestaat South Carolina zum Doud veruerteelt...

Leschten Update: 11.01.2017, 15:29:16

© afp

De rassistesch motivéierte Mäerder vun Charleston, den Dylan Roof, ass hënt zum Doud veruerteelt ginn.

D'Uerteel vun der Jury ass eestëmmeg ausgefall, well den Täter bis zu Läscht keng Unzeechen gemeet huet dass hien seng Dot géif bereien.

De Roof hat am Juni 2015 zu Charleston, am US-Bundesstaat South Carolina e Paschtouer an 8 Zivilisten an enger Kierch erschoss. D'Affer waren alles Afro-Amerikaner.

Viru Geriicht sot hien just e puer Stonnen ier d'Uerteel geschwat gouf, dass hien nach ëmmer d'Gefill hätt dass hien esou eppes huet musse maachen.