VW Ofgas-SkandalMilliarden-Accord mat den USA fonnt

VW wäert an den USA wuel 4 Milliarde bezuelen, fir net strofrechtlech verfollegt ze ginn...

Leschten Update: 11.01.2017, 09:32:49

© afp

Bei VW ass een weltwäit nach ëmmer op der Sich fir d'Suitten vum Diesel-Skandal net ze schlëmm aus falen ze loossen.

An den USA schéngt et elo, wéi wann een sech mat de Justiz-Autoritéiten hätt kënnen eens ginn.

Deemno soll eng strofrechtlech Enquête fale gelooss ginn, wann Volkswon gutt 4 Milliarden Dollar bezilt. A genee dat wéilt een wéi et ausgesäit dann och maachen.

VW hat jo am September 2015 zouginn, weltwäit an iwwer 11 Milliounen Diesel-Gefierer eng illegal Software agebaut ze hunn, déi manner héich Ofgas-Wäerter ugewisen huet, wéi Se reell waren.