Sträit ëm d'BurkaA Marokko gëtt de Verkaf an d'Hierstellung verbueden

Net an den USA oder an engem Land wéi Europa, mee Marokko huet sech elo dozou decidéiert, d'Burka ze verbidden...

Leschten Update: 11.01.2017, 19:45:21

© AREF KARIMI / AFP

Während deem ënnert anerem a Frankräich an an Däitschland iwwert e Verbuet vun der Burka gestridde gëtt, ass Marokko schonn e Schratt wieder. Wéi déi nationale Medie mellen, sollen dës kontroverse Kleedungsstécker verbuede ginn, méi konkret d’Hierstellung an de Verkaf.

Wéi den Inneministère matdeelt, gëtt och den Import vu Burka’en komplett verbueden. A Punkto Begrënnung géif een dëse Schratt ënnerhuelen, fir géint d’Kriminalitéit an Attentater am Land virzegoen. Hei géif d’Burka nämlech mëssbraucht gi fir Verbriechen ze begoen.