Trump/RusslandMoskau soll pikant Informatioune besëtzen

US-Geheimdéngscht-Informatioune no, soll Russland privat Informatiounen iwwert den Donald Trump besëtzen, déi hien erpressbar maache sollen.

Leschten Update: 11.01.2017, 18:42:06

© TIMOTHY A. CLARY / AFP

10 Deeg iert den Donald Trump offiziell säi Posten als US-President besetzt, gouf hien elo vum US-Geheimdéngscht doriwwer informéiert, dass Russland Informatiounen iwwert den Trump besëtzen, déi hien erpressbar maache kéinte.

Souwuel Russland, wéi och den Trump selwer dementéieren dëst awer, a behaapten dat ganzt wier dozou geduecht, d’Relatiounen tëscht den USA a Russland ze splécken.

Wéi et der "New York Times" no heescht, géif et ëm Informatioune goen, déi dem Trump Privatliewen awer och seng finanziell Situatioun kéint attackéieren.