FrankräichGréisser Grippewell

A Frankräich hunn de Moment vill Leit d'Gripp. Verschidde Spideeler kommen un hir Kapazitéitsgrenzen.

Leschten Update: 12.01.2017, 07:52:23

© AFP/FRANCOIS GUILLOT (Op der Foto déi franséisch Gesondheetsministesch Marisol Touraine)

A Frankräich bréngt eng gréisser Grippewell verschidde Spideeler am Land un hir Grenzen. Bannent 4 Woche ware méi wéi 780.000 Mënsche wéinst Grippe-Symptomer beim Dokter. Déi franséisch Gesondheetsministesch huet d’Spideeler opgefuerdert manner dréngend Operatiounen ze verréckele fir genuch Better fir Grippe-Patienten ze hunn. An e puer Spideeler sinn elo scho keng Better méi fräi.