PressekonferenzTrump wëll 'gréisste Createur vun Aarbechtsplaze' ginn

Den zukünftegen US-President Trump huet den Amerikaner d'Schafe vu villen neien Aarbechtsplaze versprach.

Leschten Update: 12.01.2017, 14:13:27

© AFP/DON EMMERT

Den zukünftegen US-President Trump huet den Amerikaner d'Schafe vu villen neien Aarbechtsplaze versprach. Hie wäert de 'gréissten' Createur vun Aarbechtsplaz'e ginn deen et jee gouf, esou den Trump en Donneschdeg op senger éischter Pressekonferenz no der Wahlvictoire am November.

Wat d'Cyberattacke während dem US-Presidentschaftswahlkampf ugeet do sot hien dass wuel Russland dohannert stécht. An de leschte Wochen hat den Trump entspriechend Erkenntnisser vun den US-Geheimdéngschter nach a Fro gestallt.

Wat seng Geschäfter betrëfft, géif et keen Interessekonflikt ginn, well seng Bouwen iwwerhuelen an déi dat wäerte maachen, ouni d'Geschäfter mat him ze bespriechen.