PolitmonitorAm Zentrum géif d'DP ee Sëtz verléieren

D'DP géif am Zentrum ee Sëtz un d'CSV verléieren wann e Sonndeg Wahle wieren.

Leschten Update: 12.01.2017, 12:55:33

© RTL

Wann e Sonndeg Wahle wieren da misst d’DP och am Zentrum ee Sëtz un d’CSV ofginn. Dat geet aus dem neisten Politmonitor vun TNS Ilres am Optrag vun RTL an dem lëtzebuerger Wort ervir. War d'DP nach bei de leschte Chamberwalen 2013 vu 25% vun de Wieler am Zentrum gewielt ginn, packen et déi Liberal am Politmonitor dës Kéier op 19,8% Zoustëmmung. D’LSAP géif liicht verléieren a bei de Gréngen géif sech näischt änneren.