Stroossespären an der StadAngela Merkel haut zu Lëtzebuerg

Héije Besuch um Donneschdeg: d'Bundeskanzlerin Angela Merkel kënnt op Lëtzebuerg fir mam Premier ënnert anerem iwwert d'Zukunft vun der EU ze beroden.

Leschten Update: 12.01.2017, 15:42:12

© afp

D’Bundeskanzlerin Angela Merkel kënnt haut um 12. Januar op Lëtzebuerg fir mam Premier Xavier Bettel iwwert déi bilateral Bezéiungen an d’Zukunft vun der EU ze beroden.

An der Mëttesstonn ginn déi Zwee dann zesummen am Mudam eng Pressekonferenz.

Am Virfeld gëtt d'Kanzerlin och schonn vun der groussherzoglecher Koppel am Palais an Audienz empfaangen.

Wéinst der Staatsvisite vun der Kanzlerin ginn um Donneschdeg eng Partie Stroossen am Zentrum vun der Stad zäitweis gespaart.

Am Nomëtteg geet et fir d'Merkel dann weider op Bréissel wou ënnert anerem eng Entrevue mam belsche Kinnek an en Owesiessen mam Premier Charles Michel geplangt ass.