News
Lokales: Schwéier Verwonnte stierft u senge Verletzungen
02.09.2010, 11:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 03.09.2010, 08:08
Nom Accident gëschter Mëtteg um Gasperecher Kräiz ass dee schwéier blesséierten Chauffeur gëschter Owend u senge Verletzungen gestuewen.

Accident Gaasperech
© CI Luxembourg
Et handelt sech em een 59 Joer alen Awunner vun Monnerech. Hie war an d'Remorque vun engem Camion gerannt. E weideren Auto gouf mat an dat Accident verwéckelt. De Chauffer vum éischten Auto ass wéi gesot lo u senge Verletzungen gestuewen. Zwee weider Leit goufe blesséiert.
Zu Éinen hat et gëschter an engem Eefakillienhaus gebrannt. D’Feier war aus ongekläerter Ursaach an engem Zëmmer ënnert dem Daach ausgebrach. Et war e Sickerbrand entstan, doduerch hat sech och vill Damp entwéckelt. D’Pompjeeën haten d’Feier séier geläscht, et ass kengem eppes geschitt.
Weider Artiklen
![]() | 10. Feb 04:47 Eurogroupe : Nach keng nei Hëllef fir Athen |
![]() | 10. Feb 05:04 Cattenom : Damp um Site vum AKW |
![]() | 10. Feb 08:01 FBI : Steve Jobs war e Manipulateur |
![]() | 9. Feb 18:13 STATEC: Lëtzebuerg an der Rezessioun ? |
![]() | 9. Feb 17:23 Extrem Keelt: Iwwer 500 Doudeger an Europa |
![]() | 9. Feb 14:59 Griichenland: Spuerpak vun der Regierung ugeholl |
![]() | 9. Feb 13:26 PIP: Spur féiert och op Lëtzebuerg |
![]() | 9. Feb 16:21 Gréng: Luc Frieden spuert zevill an op der falscher Plaz |
![]() | 9. Feb 15:06 ACTA: E Samschdeg Manif géint "Anti-Piraterie" Accord |
![]() | 9. Feb 11:47 Doping: Jan Ulrich gouf schëlleg gesprach |























